Dem Bédéric seng Geschicht

Ëmmer erëm nees ass d’Iddi opkomm dem Festival e Gesiicht ze ginn an wéi Coronamesuren eis gezwongen hunn den Festival vun 2020 ofzesoen, ass hannert de Kulissen un där Iddi weidergeschafft ginn.
Et gouf e Zeechenconcours lancéiert an Zeechner waren invitéiert eng Figur ze erschafen déi op de satireschen Text vum Jacques Diedenhoven “De Bidgang no Contern” aus dem Joer 1830 baséiert. An dësem Text geet et em Pilger, déi sech deemools ob de Wee no Conter gemaach hunn vir vun der Helleger Waldburga hier Aen heelen ze loossen. An dat war dem Bédéric seng Gebuertsstonn.
Den Andy Genen, de Papp vum Bédéric, konnt de Jury mat senger Figur iwwerzeegen. De Bédéric verkierpert den Stil vun enger Persoun aus dem 19ten Joerhonnert ënnerstrach duerch seng Kleeder an Frisur. Als Schong krut en Turnschlappen, engersäits well et sech méi bequeem mat deenen pilgert, mee och fir e Lien zu der haiteger Zäit ze maachen. Net ze vergiessen säin Brëll, well e war jo extra op Conter gepilgert fir seng schlecht Aen vun der Helleger Waldburga geseent zekréien. Säin Aliicht ass schlecht, wëll de Bédéric, deen als Schoulmeeschter an engem klengen Dierfchen zu Lëtzebuerg schafft an bis spéit an d’Nuecht Owes beim Käerzeliicht zeechent sinn seng Aen ganz. Duerch de Bidgang op Conter hofft hien duerch Helleg Waldburgs säin Aenliicht ze verbesseren,
Zanterhier, taucht de Bédéric och ëmmer méi oft an der Gemeng Conter ob an ënnersträicht domadder dass Conter “Village de la BD” ass.
De Bédéric fënnt een an der Conter Gemeng ob den verschiddensten Plaze, sief ob den Bicherkabinnen, déi duerch Gemeng verdeelt sinn, um “Contibus” wou hien d’Leit begleet oder als liewensgrouss Monument virun der Kirch zu Conter. En verstoppt sech awer och uechter Land an där enger oder aaner Librairie, wou een seng éischt BD ze fannen ass. An dëser Geschicht taucht den Lieser Zäit vum Bédéric an an de Bédéric de Festival vun haut.
Besonnesch awer um Festival gesäit een den Bédéric och ob Schratt an Tratt. Entweder ësst e Fritten, läit am Ligestull oder ass ob Kalikoen iwwer dat ganzt Duerf verdeelt.
Falls dir un der BD „De Bédéric. Ënnerwee op Conter“ interesséiert sidd, kënnt dir déi an der Gemeng zu Conter oder an de Librairien uechter d’Land kafen. Et gëtt se esouwuel op Lëtzebuergesch, wéi och Franséisch.
Andy Genen:
“Ech ginn heiansdo vu Leit ugeschwat, déi fannen, dass de Bédéric mir gläiche géing. Dat iwwerrascht mech ëmmer nees op en Neits, well ech dat selwer guer net esou empfannen, a well et virun allem och zu kengem Moment meng Absicht war, wou ech d’Figur erschafen hunn. Ech war einfach nëmmen domadder beschäftegt, fir d’Critère vum Concours esou gutt wéi méiglech anzehalen, an um Schluss koum dunn eben de Bédéric dobäi eraus.
An et ass zanterhier ëmmer nees en onbeschreiflecht Gefill, fir seng Figur op eemol wärend dem Festival op all Eck ze begéinen an hien och dat ganzt Joer iwwer am “Village de la BD” Conter ze gesinn, sief et op de Bicherkabinnen, dem “Conti Bus” oder natierlech deem wonnerbare Monument virun der Kierch am Häerz vum Duerf. »