Retour à l'accueil


24te INTERNATIONALES COMIC FESTIVAL in CONTERN
- 15 & 16 Juli 2017 -

De „Festival International de la Bande Dessinée“ vu Conter geet zeréck op d'Initiative vum Här Daniel Grun, deen 1994 d'Kulturkommissioun an de Schäfferot vun der Gemeng Conter vu senger Idee konnt iwwerzeegen. Am Ufank war et natierlech net einfach, esou e Festival ze organiséieren, mä Dank dem Daniel Grun sengem Enthusiasmus a sengem Know-How konnt hien eng honnert Benevolë fir seng Idee begeeschteren. Och wann et heiansdo un Erfahrung gefeelt huet, hunn si et zesumme fäerdeg bruecht, iwwerhaapt deen éischte Comic Festival zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun op d'Been ze stellen.

Vun Ufank un stoung de Festival op dräi Sailen. Déi Pilieren sinn och haut nach de Garant fir e flotten an interessante Festival. Et sinn engersäits natierlech d'Auteuren, anerersäits d'Comichändler an awer och déi sëlleche Veräiner aus der Gemeng Conter, déi sech ëm d'Restauratioun këmmeren. Fir den éischte Festival ware ganzer 8 Auteure präsent an op dräi Stänn gouf et z'iessen an ze drénken. Ëmmer wéi Gewiicht krut dee véierte Pilier deen d'Animatioun an de Stroossen vu Conter ausmécht. Eng grouss Zuel vu Museksgruppen, Artisten, Stroossekënschtler an Atelieren animéieren d'Stroosse vu Conter a begeeschtere Grouss a Kleng.

Am Laf vun der Zäit ass de Festival ëmmer méi grouss a méi bekannt ginn. Mëttlerweil sinn et ëm déi 50 Auteuren, mat regelméisseger Präsenz vu groussen Nimm aus der Comicwelt, déi all Joer déi trei Fans vun der Bande Dessinée an der aler Hal zu Conter begeeschteren. Des Auteuren kommen mat hiren neiste Wierker, déi een dann op der Plaz kafe kann. Domat kann ee sech dann an d’Rei stellen, fir eng Dedicasse vum Auteur a säin eegent Buch ze kréien. Hei am Land ass dëst déi eenzeg Méiglechkeet fir international Gréissten aus der Comicwelt ze gesinn a vun hinnen eng Dedicasse ze kréien. Wéi grouss den Interessi dorunner ass, gesäit een un de Schlaangen, wou d’Visiteure gedëlleg waarden, mä keng Angscht jidderee kënnt un d’Rei.

Waren d’Händler am Ufank vun de Festivalszäiten nach e bëssen abenteuerlech a gréngen Zelter an de Stroossen vu Conter ënnerbruecht, sou ass och bei hinnen d’Zuel ëmmer an d’Luucht gaang op an der Tëschenzäit iwwer 80 Händler. Si stinn duerch dat ganzt Duerf an den uniformen wäissen Zelter. Weider Händler fënnt een an de groussen Zelter bei der aler Schoul, beim Kierfecht an bei der Hal. Hei fënnt all Visiteur, op Freak oder just intressihallwer, alles wat d'BD-Häerz méi héich schloe léisst. Vun Occasiounsbicher, Figuren, Originalzeechnungen, signéiert Affichen. An, an, an. Jidder Sammler kënnt zu Conter ganz sécher op seng Käschten

D'Auteuren an der Hal, d'Händler an de Stroossen am Duerfkär, déi de ganze Weekend extra fir de Verkéier gespaart sinn, an d’Veräiner aus der Gemeng mat de Restauratiounsstänn. Des Mëschung gëtt dem Festival dee ganz besonnesche Flair vun engem grousse Familljen- an Duerffest, deen eis Visiteuren esou schätzen. D’Veräiner hu vun Ufank un zum Erfolleg vum Festival bäigedroen. Ouni déi vill Benevolen aus de Veräiner wier et net méiglech gewiescht, e Fest an dëser Envergure iwwer d’Bühn ze bréngen. Am Hannergrond gouf a gëtt vill diskutéiert, wou all Akteuren, Veräiner, d'Gemeng Conter an d'BD-Kommissioun vun der Gemeng probéieren de Festival vu Joer zu Joer ëmmer erëm attraktiv ze maachen.

Mir sinn och houfreg drop, dass den Numm vum Festival wäit iwwer d'Landesgrenzen an esouguer d'Grenze vun der Groussregioun ewech bekannt ass, esou dass de Festival vu Conter sech haut um selwechten Niveau befënnt, wéi vill aner grouss europäesch Kulturorganisatioune vum selwechte Genre. Net fir näischt gëtt Conter am Ausland ëmmer erëm als “Village de la Bande Dessinée” bezeechent.

Nieft den héijen Zuele vun de Visiteuren aus der Gemeng an der Regioun hu mir och festgestallt, dass ëmmer méi Leit aus der Groussregioun eise Festival besichen. Dëst ass fir eis natierlech nach e Grond méi, eis Efforten am Sënn vun der Promotioun vum „9e Art“ weider ze verstäerken, an esou alles ze maachen, dass jiddwereen, egal op Grouss oder Kleng, ob Amateur oder Sammler, ob Auteur oder Händler sech op eisem Festival wuelfillt an e flotte Weekend an engem gemittlechen, frëndleche Kader an enger Duerffestatmosphär verbrénge kann.